Paradox vum Olbers

Vu Wikipedia
Kënschtleresch Duerstellung vum Paradoxon

De Paradox vum Olbers bezeechent de Widdersproch datt et nuets däischter gëtt, obscho bei engem onendlechen, transparente Weltraum mat homogeen verdeelte Stären op jiddwer Plaz vum Himmel e Stär misst stoen. Den Himmel misst also och nuets sou hell si wéi d'Sonn.

De Begrëff geet op den däitschen Astronom Heinrich Wilhelm Olbers zeréck, deen dëse Paradox am Joer 1826 festgestallt huet.

Wann ee viraussetzt datt d'Universum homogeen an isotrop ass, da misst no enger onendlecher Zäit all Luucht vun all Stär ons Äerd erreecht hunn an den Himmel wier deemno nuets geneesou hell wéi daagsiwwer. Dat widdersprécht der Tatsaach datt et nuets awer däischter ass.

De Paradox kann ee sou erklären: Miessunge vum COBE-Satellit a vun der WMAP-Sond hu bewisen datt d'Universum weeder onendlech grouss ass, nach onendlech al ass, an datt d'Stäre keng onendlech Liewensdauer hunn.
Ausserdem droen Donkelniwwelen och dozou bäi, datt den Himmel däischter ass. Hautdesdaags gëtt et de Lambda-CDM-Modell, deen op dem Albert Einstein senger Allgemenger Relativitéitstheorie baséiert, an deen och erkläert wéisou den Himmel däischter ass.

Änlech Paradoxe goufe scho vu verschiddenen Astronomen opgestallt wéi dem Nikolaus Kopernikus, dem Galileo Galilei, dem Giordano Bruno, dem Edmond Halley, dem Thomas Digges an dem Johannes Kepler.