Pascal Becker
Ausgesinn
Pascal Becker | |
---|---|
Gebuer | 17. November 1963 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Journalist, Filmregisseur, Dréibuchauteur |
De Pascal Becker, gebuer de 17. November 1963, ass e lëtzebuergesche Journalist a Filmregisseur.
No senger Maîtrise an Informatiounswëssenschaften um CUEJ zu Stroossbuerg huet de Pascal Becker als Journalist-Reporter bei France3 Grenoble geschafft. Vun 1988 bis 1992 huet hie beim loutréngeschen Telesprogramm vun RTL, duerno bei RTL Télé Lëtzebuerg geschafft: fir d'éischt an der Noriichteredaktioun, dunn, zanter 2001, als Reporter vu Magazines-Reportagen an als Komoderator vun engem Autosmagazine.
De Pascal Becker huet bis ewell 2 Documentaire realiséiert:
- Little Big One, eng RTL/CNA Koproduktioun vun 1999, an där d'Lëtzebuerger Geschicht vum 20. Joerhonnert unhand vu Privatfilmer erzielt gëtt;
- Mir wëllen net bleiwen vun 2010, Regie zesumme mam Yann Tonnar.