Op den Inhalt sprangen

Patrick Posing

Vu Wikipedia
Patrick Posing
Gebuer 9. September 1971
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Veräin/Ekipp F91 Diddeleng, FC Avenir Beggen, FC Etzella Ettelbréck, FC Sporting Mäerzeg, FC Atert Bissen, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

De Patrick "Paddy" Posing, gebuer den 9. September 1971, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Tëscht dem 8. Oktober 1996 am 19. August 2003 huet de Patrick Posing 29-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Vun 1991 bis 1994 huet hie fir de Sporting Mäerzeg gespillt, a vun 1994 bis 1999 war hie beim Avenir Beggen a schliisslech vun 1999 bis 2007 beim FC Etzella Ettelbréck.[3]

De Patrick Posing huet an der Nationalekipp op der Positioun vum Lénksverdeedeger gespillt. Am Veräin huet hien och als Fliggelspiller gespillt wou hien och ganz vill Goler geschoss huet. [1]

Mam F91 Diddeleng huet hien och um Héichpunkt vun senger Karriär d'Championnat gewonnen an ausserdeem och d'Coupe mam FC Etzella Ettelbréck.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (en) Patrick Posing. www.footballdatabase.eu. Gekuckt den 20.01.2026.
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Patrick Posing op der Websäit vun European Football
  3. De Patrick Posing op der Websäit vun National Football Teams