Paul Reuter (Jurist)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist Paul Reuter. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Paul Reuter.
Paul Reuter
Gebuer 12. Februar 1911
Metz
Gestuerwen 29. Abrëll 1990
14. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Universitéitsprofesser

De Paul Reuter, gebuer den 12. Februar 1911 zu Metz[1], gestuerwen den 30. Abrëll 1990, war Droits-Professer op der Universitéit vun Aix-en-Provence an duerno op der Universitéit vu Paräis. Hie war vu Lëtzebuerger Ofstamung a war entscheedent un der Ausschaffung vum Traité iwwer d'CECA bedeelegt.

Säi Liewen a seng Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Säi Grousspapp, den Nicolas Reuter, war 1854 zu Luerenzweiler gebuer. Säin eelste Jong, de Paul Reuter, Papp vum Professer Paul Jean Marie Reuter, war Affekot. Well de Professer Paul Jean Marie Reuter 1911 zu Metz op d'Welt komm ass, hat hien déi däitsch Nationalitéit an huet, wéi de Robert Schuman, d'politesch Problemer vun den Awunner am louthrengesche Grenzgebitt gutt kannt. Als Weesekand vu Papp a Mamm huet hie sech viru 1940 vill zu Lëtzebuerg bei sengem Monni a senger Tatta, der Famill Albert Calmes-Reuter opgehalen, wéi de Christian Calmes, Fils vum Albert Calmes, eis et an enger Etüd vun der Spuerkeess iwwer de Schumanplang erzielt.[2]

De Paul Jean Marie Reuter huet de Lycée Saint-Clément zu Metz besicht an duerno Jura op der Universitéit Nanzeg studéiert. Do gouf hien och Professer. Agezunn am Zweete Weltkrich vum däitschen Okkupant, gouf hien am Krich blesséiert an ass du op Metz transportéiert ginn, wou hie fortgelaf ass. Hien huet sech der Resistenz ugeschloss a gouf sukzessiv Professer zu Poitiers an op der Universitéit vun Aix-en-Provence. No der Liberatioun gouf hie Kabinettchef vum Minister Paul-Henri Teitgen. Duerch seng grouss Frëndschaft mam Hubert Beuve-Méry konnt de Paul Jean Marie Reuter sech och un der Kreatioun vun der franséischer Zeitung Le Monde bedeelegen. 1951 huet hie seng Plaz zu Aix-en-Provence opginn a gouf Professer un der Rechts- a Wirtschaftsfakultéit zu Paräis.

Säin Treffe mam Jean Monnet[änneren | Quelltext änneren]

A senge Mémoiren huet de Jean Monnet de Bäitrag vum Professer Paul Reuter bäi der Ausschaffung vum CECA-Traité mat Nodrock ënnerstrach. De Paul Reuter, deen deemools mat dem Problem vun der franséischer Antitrust-Législatioun beschäftegt war, hat den 12. Abrëll 1950 seng éischt Entrevue mam Jean Monnet. An de Mémoire vum Jean Monnet an och an de Schrëfte vum Christian Calmes figuréiert en detalléierte Bericht iwwer dës Entrevue, déi du zur Zesummenaarbecht gefouert huet. De Jean Monnet hätt och gär de Professer Reuter a sengem Mataarbechterstaf gesinn, ma de Paul Reuter huet aus ongeklärte Grënn net zougesot.

National an international Unerkennungen[änneren | Quelltext änneren]

  • De Paul Reuter war Member vun der Commission du droit international
  • Hie gouf och zum Member Associé vun der Académie royale de Belgique gewielt
  • E Fong, deen dem Paul Reuter säin Numm dréit gouf 1983 geschaf. Säin Zil ass et, fir Bäiträg zum Droit international humanitaire z'ënnerstëtzen an ee Paul-Reuter-Präis, deen all dräi Joer vergi gëtt, ze finanzéieren.

Seng Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Reuter, Paul: La Communauté Européenne du Charbon et de l'Acier, Editeur R. Pichon an R. Durand-Auzias, Paräis, 1953, 320 Säiten, Préface vum Robert Schuman
  • Reuter, Paul: La Naissance de l'Europe Communautaire, Centre de Recherches Européennes, Lausanne, 1980, Säiten 18-20
  • Reuter, Paul: Introduction au Droit des Traités, 1995

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Calmes, Christian: Le Plan Schuman, un plan aux origines multiples, Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat, 1991, 120 Säiten.
  • Calmes, Dony: Paul Reuter (1911-1990). Luxemburger Wort 2011, Nr. 36 (12. Februar), S. 24.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D. Calmes 2011.
  2. C. Calmes 1991.