Op den Inhalt sprangen

Paul Thomas Anderson

Vu Wikipedia
Paul Thomas Anderson
Gebuer 26. Juni 1970
Studio City
Nationalitéit USA
Educatioun New York University,
Emerson College,
Santa Monica College,
Buckley School
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Kameramann, Regisseur, Schrëftsteller, Filmdréibuchauteur
Member vun WGA West, Directors Guild of America
Auszeechnungen Präis fir déi bescht Regie, Gëllene Bier, Sëlwere Bier fir de beschte Regisseur
Famill
Liewenspartner(in) Maya Rudolph (1.1.2001–)

De Paul Thomas Anderson (och alt P. T. Anderson), gebuer de 26. Juni 1970 zu Studio City a Kalifornien, ass en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.

Hien ass en Autodidakt an huet seng Karriär als Produktiounsassistent ugefaangen. 1993 huet hien en éischte Kuerzfilm, Cigarettes & Coffee gedréint, deen en dat Joer drop zu engem Laangfilm ausgebaut huet. Bekannt gouf e mat sengem nächste Film, Sydney / Hard Eight (1996). Och weider Filmer wéi Boogie Nights (1997), Magnolia (1999), Punch-Drunk Love, There Will Be Blood (2007), The Master, an Inherent Vice hate Succès bei der Kritik a beim Publikum.

2017 koum säi Phantom Thread eraus, 2021 Licorice Pizza an 2025 One Battle After Another.

Spillfilmer

Kuerzfilmer

  • 1987: The Dirk Diggler Story
  • 1993: Cigarettes and Coffee
  • 1998: Flagpole Special
  • 2002: Couch