Per Collinder
Ausgesinn
Per Collinder | |
---|---|
Gebuer | 22. Mee 1890 |
Gestuerwen |
6. Dezember 1974 Uppsala |
Nationalitéit | Schweden |
Educatioun |
Universitéit Uppsala, Universitéit Lund |
Aktivitéit | Astronom |
De Per Collinder, gebuer den 22. Mee 1890 zu Sundsvall, a gestuerwen de 6. Dezember 1974 zu Uppsala, war e schweedeschen Astronom.
De Collinder gouf international bekannt, wou hien am Joer 1931 mat On the Structural Properties of Galactic Open Clusters and Their Spatial Distribution eng Lëscht vu 471 oppe Stärekéip erausginn huet, deen haut als Collinder-Katalog bekannt ass. No senger Pensionéierung publizéiert hien e Buch iwwer d'Geschicht vun der Astronomie a Schweden.
De Collinder war zweemol bestuet. Mat senger éischter Frau hat hie véier Kanner.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- "Vem är det - Svensk biografisk handbok 1969", S. 177
Um Spaweeck
[änneren | Quelltext änneren]- Publikatioun vum P. Collinder am Astrophysics Data System
- (en) N.N.: Per Collinder (1890-1975). Journal for the History of Astronomy (1976), Vol. 7, p. 224. (kuerze Noruff)