Pesaro

Vu Wikipedia


Pesaro
Land Italien
Regioun Marche
Provënz Pesaro an Urbino
Koordinaten 43°54'36,54"N, 12°54'47,88"O
Fläch 126,77 km²
Awunner 95.376 (1. Januar 2023)
Héicht 11 m
ISTAT 041044
De Palazzo ducale

Pesaro [ˈpeːzaro] ass eng Hafestad an der Regioun Marche, an d'Provënzhaaptstad vun der Provënz Pesaro an Urbino.

Pesaro huet 95.203 Awunner (Stand 31. Dezember 2019) op enger Stadfläch vun 126 km². Et ass e wichtegen Touristenzentrum op der italieenescher Adriaküst. Pesaro läit um Floss Foglia, dee no bei der historescher Alstad an d'Adria mëndt.

Nopeschgemenge sinn: Fano, Gabicce Mare, Gradara, Mombaroccio, Monteciccardo, Montelabbate, Tavullia a Vallefoglia.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Zu Pesaro ass d'Gebuertshaus vum Gioachino Rossini. Déi nei Oper vun der Stad gouf den 10. Juni 1818 mat enger Oféierung vum Rossini senger Oper La gazza ladra opgemaach.[1] Zanter 1980 gëtt et do all Joer am Summer de Rossini Opera Festival Pesaro. Ausserdeem gëtt et do zanter 1965 de Pesaro Film Festival (Mostra Internazionale del Nuovo Cinema).

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kathedral Maria Himmelfaart
Bannenan an der Kathedral
Villa Imperiale
  • D'Kathedral vu Pesaro gouf am 13./14. Joerhonnert iwwer e fréichrëschtleche Bau gebaut, vun där haut just nach e gotescht Portal an eng staark restauréiert Fassad iwwreg sinn. Déi dräi Schëffer goufe bannenan tëscht 1866 an 1903 komplett nei gemaach. Kuckeswäert si spéitréimesch Mosaicker, déi ënner dem Buedem fonnt goufen.
  • D'Villa Ruggieri, e Bau am Jugendstil;
  • D' Villa Imperiale, e Renaissance-Schlass (1469-1530), baussent der Stad um Hank vum Monte Piccio.

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pesaro – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Volker Scherliess: Gioacchino Rossini. Rowohlt, Reinbek bei Hamburg, 5. Aufl., 2009, S. 136.