Op den Inhalt sprangen

Peugeot 203

Vu Wikipedia
Eng Peugeot 203 aus dem Tour de France 1954

D'Peugeot 203 gouf tëscht 1948 an 1960 mat iwwer 685 000 Exemplaire vum franséischen Autosconstructeur Peugeot zu Sochaux gebaut. Et war den éischten neientwéckelte Modell vu Peugeot nom Zweete Weltkrich, a vun 1949 bis 1954 war et den eenzege Modell dee Peugeot verkaaft huet.

1941 huet Peugeot mat enger Etüd vum zukënftege Modell 203 ugefaangen, ënner schwéiere Bedingungen, well d'Wehrmacht d'Wierk ënner Beschlag hat. Peugeot huet an deem Wierk missen Arméismaterial fir d'Besatzungsmuecht produzéieren, an dat war dofir een Haaptugrëffszil vun den alliéierte Lancaster-Bomberen. Wéi d'Besatzer sech um Enn vum Krich hu missen zeréckzéien hu s'eng Parti vun de Maschinne geklaut, an an Däitschland transportéiert, an dat Geschier dat se net gezoppt haten, hu se schwéier beschiedegt stoe gelooss.

Am Oktober 1948 ass den neien Auto um "Mondial" zu Paräis virgestallt ginn. D'203 huet d'202 ofgeleist, déi vill ze vill al war am Verglach mat der Konkurrenz. Iwwregens ass d'Citroën 2CV och do virgestallt ginn.

D'203 war e ganz modernen Auto a senger Zäit vläicht souguer am viraus. En hat eng modern Karrosserie, déi éischt Karrosserie vu Peugeot, déi sech selwer gedroen huet, an eng Technik déi fir déi Zäit net gewinnt war.

De Motor hat "nëmmen" 1290 ccm, an enger Zäit an där d'Konkurrenz haaptsächlech déck Motoren agebaut huet.

D'203 ass am Ufank net extra gutt bei de Leit ukomm, mä huet ganz séier e gudden Numm kritt well et en zouverléissegen Auto war.

Seng Konkurrente waren deemools d'Citroën 11, an d'Simca 8.

Et goufe verschidde Modeller vun der 203 ugebueden:

  • 1949 d'Découvrable
  • 1951 de Cabriolet mat engem Interieur aus Lieder!
  • 1950 d'Familiale an d'Commerciale
  • 1952 de Coupé deen am Ganzen nëmmen 1000-mol gebaut gouf.

Seng Karosserie ass bal net geännert ginn a senger "Karriär", d. h. bis Februar 1960.

1954 huet Peugeot 13 Spezialmodeller fir den Tour de France gebaut.

D'Produktioun vun der 203 war de 26. Februar 1960 owes um 10 Auer eriwwer, de leschte war de Modell mat der Chassisnummer 1 908 056.

Stéckzuelen no Joren

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1949 - 13 325
  • 1950 - 40 908
  • 1951 - 48 278
  • 1952 - 53 469
  • 1953 - 57 378
  • 1954 - 61 606
  • 1955 - 68 894
  • 1956 - 38 176
  • 1957 - 29 624
  • 1958 - 23 589
  • 1959 - 18 019
  • 1960 - 2728

Link Site Peugeot 203

Commons: Peugeot 203 – Biller, Videoen oder Audiodateien