Peyto Lake

Vu Wikipedia
de Peyto Lake

De Peyto Lake ass e Biergséi am Banff National Park an de kanadesche Rocky Mountains.

En ass virun allem wéinst senger turquoisser Faarf bekannt. Dës kënnt dohier, datt reng gemuele Gestengspartikel ("Gestengsmiel") vum Buedem vu Gletscheren (dorënner de Peyto-Gletscher), mam geschmoltene Waasser vun do an de Séi kommen.

Et kënnt een iwwer den Icefields Parkway bis dohinner.

De Peyto Lake gouf nom Ebenezer William "Bill" Peyto genannt, engem bekannten Trapper a Bierg-Guide vum Enn vum 19. Joerhonnert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peyto Lake – Biller, Videoen oder Audiodateien