Banff-Nationalpark

Vu Wikipedia
De Moraine Lake
Vue op de Peyto Lake.
Moraine Lake
De Pilot Mountain Pilot Pond
De Lower Consolation Lake

De Banff-Nationalpark (Banff National Park) ass en Nationalpark an de Rocky Mountains, an der kanadescher Provënz Alberta, eng 120 km westlech vu Calgary.

E gouf 1885 gegrënnt an ass domat deen eelste vun de kanadeschen Nationalparken. Zënter 1985 steet en och, mat anere kanadesche Parken an de Rocky Mountains, op der Unesco-Lëscht vun de Weltierwen.

De Park ass 6.641 km² grouss a besteet virun allem aus Biergerlandschaft, an där et en ettlech Gletscheren, Äisfelder a Séien, souwéi groussflächesch Nolebeem-Bëscher an Alpelandschafte gëtt. E geet no Norden hi virun an de Jasper-Nationalpark, am Weste grenzt en un de Yoho-Nationalpark, an un de Kootenay-Nationalpark, an am Süden un eng Rëtsch Provënzial-Parken.

Déi eenzeg gréisser Uertschaft am Park ass Banff, wou och den Informatiounszentrum ass. Och bekannt ass Lake Louise, 54 km westlech vun do um Séi mam selwechten Numm, mam bekannten Hotel Château Lake Louise.

De Park ass un d'Canadian Pacific Eisebunnsstreck ugeschloss, an och den Transcanadian Highway geet derduerch.

Et kommen all Joers Millioune vu Visiteuren an de Park (1990 waren et der 5 Mio), sou datt et net ëmmer einfach ass, d'Auswierkungen dovun op de fragilen Ekosystem an der Gitt ze halen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Banff-Nationalpark – Biller, Videoen oder Audiodateien