Lake Louise

Vu Wikipedia
De Lake Louise mam Chateau Lake Louise.
Vue no Westen.

De Lake Louise ass e Biergséi an der kanadescher Provënz Alberta am Banff-Nationalpark.

E krut säin Numm zu Éiere vun enger Duechter vun der Kinnigin Victoria, der Prinzessin Louise Caroline Alberta.

Um Bord vum Séi läit d'Uertschaft Lake Louise, déi Uschloss un den Trans-Canada Highway huet. Hannert dem Lake Louise maachen d'Spëtzte vun enger sëllger Bierger, dorënner de Mount Temple (3543 m), de Mount Whyte (2983 m) an de Mount Niblock (2976 m) eng imposant Kuliss.

Um Ost-Uwänner vum Séi läit e beekannte Fënnef-Stären-Hotel, de Château Lake Louise.

Déi turqoise Faarf vum Séi kënnt vum sougenannte Gestengsmiel, dat vum geschmolte Waasser aus de Gletscheren an de Séi gespullt gëtt.

Um Spwaxeck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lake Louise – Biller, Videoen oder Audiodateien