Pfeifer Sogequip

Vu Wikipedia
Pfeifer Sogequip

Pfeifer Sogequip s.à r.l. ass eng lëtzebuergesch Firma mat Sëtz zu Schëffleng.

Si ass spezialiséiert an der Hieftechnik an am Seelbau, an ass Vertrieder a Beroder an Uschlagtechnik, Zurrtechnik a Ladungssécherung. Et ass déi gréisst Firma an dësem Beräich zu Lëtzebuerg.

D'Firma gehéiert zur Pfeifer-Grupp, déi am Gebitt vum Seelbau eng vun de gréissten an Europa ass an hire Sëtz zu Memmingen a Bayern huet.

De Betrib besteet aus ronn 15 Mataarbechter.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Firma gehéiert eréischt zanter e puer Joer zur Grupp Pfeifer. Hir Originne leien iwwer 50 Joer zeréck. Den éischten a laangjäregen Direkter war den Armand Klees.

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1958: Grënnung vun der Firma Sogequip
  • 1978: D'Firma CABLAC gëtt als Deel vun Trefil-Arbed gegrënnt a gëtt als Duechtergesellschaft vun der Drotseelerei Gustav Kocks vu Mülheim (Ruhr) gefouert
  • 1983: Cablac keeft d'Sogequip op, awer de Geschäftsbetrib leeft op zwou getrennte Plaze weider.
  • 1992: Déi zwéi Standuerte ginn zesummengeschloen a plënneren an nei Halen zu Schëffleng.
  • 1994: Pfeifer keeft Drotseelerei Kocks op an domat och hir Duechtergesellschaften.
  • 1998: Cablac a Sogequip fusionéieren definitiv a fueren ënner dem Numm Sogequip weider.
  • 2001: d'Firma gëtt a Pfeifer Sogequip ëmgedeeft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grupp Pfeifer – Biller, Videoen oder Audiodateien