Piazza della Signoria

Vu Wikipedia
De Palazzo Vecchio

D'Piazza della Signoria ass (mat der Piazza del Duomo) eng vun de wichtegsten a bekanntste Plaze vu Florenz, wann net vun Italien. Op hir stinn eng Rëtsch dichteg Gebaier, wéi de Palazzo Vecchio (och Palazzo de la Signoria genannt), dee fréier de Sëtz vun der Stadherrschaft war, an haut d'Gemengenhaus ass, an d'Uffizien,haut ee vun de wichtegste Konschtmuséeë vun der Welt. Aner Gebaier sinn d'Loggia dei Lanzi, den Tribunale della Mercanzia (vun 1359), de Palazzo Uguccioni (1550), sou wéi de Palazzo delle Assicurazioni Generali, en Neo-Renaissance-Gebai vun 1871.

Op der Piazza della Signoria huet 1497 den Dominikanerpater Savonarola e sougenannt Feegfeier vm Houfert ugefaangen, an deem e Luxusartikele verbrannt huet; dat Joer drop, den 23. Mee, war et hie selwer, deen do op duerch Verbrennen higeriicht gouf.

Op der a ronderëm d'Plaz stinn eng ganz Rëtsch Skulpturen:

360°-Vue vun der Plaz

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Piazza della Signoria – Biller, Videoen oder Audiodateien