Luxus

Vu Wikipedia
Eng Rolls-Royce Phantom

Luxus ass en Zoustand oder eng Saach, déi fir e groussen Deel vun enger Communautéit schwéier, wann net onméiglech, z'erreeche sinn, gläichzäiteg awer als latent erstriewenswäert ugesi ginn.

Dacks gëtt Luxus och als am Fong iwwerflësseg qualifizéiert, mä mat engem iwwerproportional héijen estheteschen oder kommerzielle Wäert. Luxusgidder kënnen eng duebel Bedeitung erfëllen: Eng narzistesch Befriddegung bei hirem Besëtzer provozéieren, mä och e Mëttel sinn, sech no baussen hin ofzegrenzen, zum Deel souguer eng gewësse Jalousie ervirzeruffen. Si déngen an deem Fall dozou, Räichtum a Muecht ze symboliséieren.

Luxus ass souwuel historesch wéi individuell a kulturell e variable Begrëff: Wann z. B. bis an d'20. Joerhonnert a Mëtteleuropa – an a groussen Deeler vun der Welt nach haut – fléissend Waasser e Luxus war, sou ass dat do haut net méi de Fall mä "normal". Wann et fir deen een e Luxus ass, iwwerhaapt Zougank zu engem eegenen Telefon ze hunn, ass Luxus fir en Aneren en Handy mat deene leschte technesche Schikanen, a fir en Drëtte gëllt et als Luxus, dat Dénge fir eng bestëmmt Zäit net musse bei sech ze hunn an ëmmer erreecht kënnen ze ginn.

A ville Reliounen, wéi z. B. am Chrëschtentum, wou en als Sënn gëllt, ass Luxus negativ konnotéiert (kuckt och d'lat. luxus: Verbëtzen, net anstänneg behuelen, (am Fong) "üppeg Fruchtbarkeet", an dovun ofgeleet luxuria, Prunksucht, Lidderegkeet, Onschimtegkeet. A verschiddenen Epoche gouf och ëmmer nees duerch Gesetzer probéiert, sief et de Besëtz oder d'Weise vun deem, wat als Luxus ugesi gouf, ze limitéieren, oder mat enger extra Steier, der sougenannter "Luxussteier" ze beleeën.

Fir ze liesen an ze kucken[änneren | Quelltext änneren]

  • Alexander Marguier: Das Luxuslexikon. Das Beste, was für Geld zu haben ist, Dumont Literatur und Kunst Verlag, Mäerz 2007.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]