Op den Inhalt sprangen

Pierre Bergem

Vu Wikipedia
Pierre Bergem
Gebuer 19. August 1928
Beetebuerg
Gestuerwen 19. September 2006
Norwalk
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Offizéier, Moler, Zeechner

De Pierre Bergem, gebuer den 19. August 1928 zu Beetebuerg, a gestuerwen den 19. September 2006 zu Norwalk am Connecticut[1][2], war e lëtzebuergeschen Offizéier a Kënschtler.

De Pierre Bergem gouf a senger Jugend duerch d'Ardennenoffensiv markéiert. Hien huet zu Lëtzebuerg, an der Belsch, a Frankräich an an de Vereenegte Staaten eng Ausbildung gemaach. Bis 1983 war hie Colonel an zweete Kommandant vun der Lëtzebuerger Arméi.Hie war och Vertrieder vu Lëtzebuerg am Militärkommittee vun der NATO zu Bréissel an am Supreme Headquarters Allied Powers Europe (SHAPE) zu Mons.[1]

Parallel dozou huet de Bergem Zeechnungen a Molereie gemoolt. Mat 16 Joer huet hien e Präis fir eng Kuelzeechnung gewonnen, an 1947 ee Concours fir Plakater. D'selwecht Joer huet hien d'Illustratiounen am René Molitor sengem Buch D' Lompekre'mer gemaach. Hien huet ausserdeem dräi Timberen entworf an Illustratioune fir Zeitungen, Broschüren a Bicher gemaach. 1981 huet hien de Kräizwee vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten 1942–45 am Dikrecher Stadpark entworf. 1994 huet hie seng Skizzen aus dem Krich publizéiert. An den USA huet hie klenger Gemengen- a Kiercheprojeten, Konschtausstellungen a Commandë realiséiert.[1]

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • D’ Lompekre’mer. Zeechnunge mam René Molitor. Ëm 1947.
  • "mam crayon a camera durch U.S.A.: Sonderreportage fir 'Ons Jongen'."" Ons Jongen 4 (1947) Nr. S.12-13. online
  • "Vor 25 Jahren: Bettemburg - Target of opportunity: Zum Bombenangriff auf Bettemburg am 11. Mai 1944." Hémecht 21 (1969), Nr.3, S.295-300.[eluxemburgensia]
  • Skizzen aus dem Krich. Sketches from the war. Editions Saint-Paul, Luxemburg 1994.
  • Luke Haas: Comics in, aus und über LuxemburgEsch/Alzette: Editions Schortgen, 2007, S.166-167. ISBN 978-2-87953-046-8.
  • Pierre Bergem. In: Robert Krantz & Paul Lesch: Die politische Satire gegen das Naziregime. Esch/Alzette: Kremer-Muller, 2010, S. 68-71. ISBN 978-2-919978-11-3


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Pierre Bergem. In: Greenwich Time, 2. Oktober 2006.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 14. Oktober 2006