Pierre Hannick

Vu Wikipedia
Pierre Hannick
Gebuer 7. Dezember 1940
Neufchâteau
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Historiker, Archivist
Member vun Académie luxembourgeoise, Institut archéologique du Luxembourg

De Pierre Hannick, gebuer de 7. Dezember 1940 zu Neufchâteau, ass e belschen Historiker.[1]

Hien huet op der UCL eng Licence a Geschicht gemaach, an 1991 en Doktorat. Dono huet hie säi Beruffsliewe laang, vun 1963 bis 2005, an de belsche Staatsarchiven zu Arel geschafft.

Hie gouf 1977 Membre correspondant, dunn 1999 Membre effectif vun der Académie luxembourgeoise, vun där e vun 2007 bis 2014 'permanente Sekretär' war. 1972 gouf hien Administrateur vum (belschen) Institut archéologique du Luxembourg, wouvunner e vun 2010 bis 2015 President war. Weider war de Pierre Hanninck Member vum Conseil scientifique des Archives (1993-1997); zanter 1996 Éieremember vun der Historescher Sektioun vum Institut grand-ducal; 1998-2002 Membre correspondant vun der Commission royale des monuments, sites et fouilles (1998-2002) an 1967 Grënnungsmember vum Cercle Terre de Neufchâteau.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche op academieluxembourgeoise.net, 2017-12-20; nogekuckt 2023-01-09.