Piret Mängel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Piret Mängel
Gebuer 13. Januar 1969
Tallinn
Nationalitéit Estland
Aktivitéit Filmschauspiller, Mannequin

D'Piret Mängel, gebuer den 13. Januar 1969 zu Tallinn[1], ass eng fréier estesch Filmschauspillerin a Mannequin[2].

Si huet hir kuerz Filmcarrière 1987 mat der Debutroll als eng Dänzerin am Film Tschelowek s bulwara Kapuzinow ugefaangen[3]. D'Mängel gouf fir hir aner Roll als Akatawa a Serdza trjoch 2, enger ukrainesch-russescher Filmadaptatioun vum Roman "Hearts of Three" vum Jack London bekannt[4],[5].

D'Roll als Akatawa war ganz erfollegräich fir d'Schauspillerin, a wéinst dësem Bild a wéinst hirem memorabelen Ausgesinn hat si vill Supporter bei dem russesch-sproochegen Auditoire. Trotz allem, hat si kee Wonsch a Filmer am postsowjetesche Raum ze spillen, an d'Piret Mängel huet an den 1990er Joren mat der Schauspillerei opgehalen[3].

Spéider ass d'Mängel an Italie geplënnert, a si huet zu Mailand Filmproduktioun studéiert. Si huet als Mannequin geschafft, a si ass am Ament (Stand: 2016) Member vum Venedeger Architekturconseil[2].

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op KinoPoisk (ru)
  2. 2,0 2,1 https://www.kino-teatr.ru/kino/acter/w/post/23188/bio/
  3. 3,0 3,1 http://www.radiorus.ru/brand/episode/id/57213/episode_id/1000953/
  4. https://crimea.ria.ru/kurort/20160814/1106721100.html
  5. http://www.tvc.ru/channel/brand/id/76/show/news/news_id/1652