Pismis 24

Vu Wikipedia
Pismis 24 am Emissiounsniwwel NGC 6357, Foto vum Hubble-Weltraumteleskop.

De Pismis 24 ass een oppene Stärekoup am Emissiounsniwwel NGC 6357, am Stärebild Scorpius. Seng Bezeechnung ass ofgeleet vun der Astronomin Paris Pismis, déi de Stärekoup 1959 op Fotoe vum Observatoire Tonantzintla (bei Puebla) entdeckt huet. Fir astronomesch Verhältnesser ass et e jonke Stärekoup.

De Pismis 24 enthält ënner anerem den Objet Pismis 24-1, och "HDE 319718A" oder "LSS 4142A" genannt (Spektralklass: O3, Alter: 5,86 Millioune Joer, absolut Hellegkeet: -11,8), dee mat enger Mass vun 200 bis 300 Sonnemassen eng gewëssen Zäit als dee schwéierste bekannte Stär gegollt huet. Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop hu festgestallt, datt et sech dobäi ëm een Duebelstär handelt. Méiglecherweis ass et souguer en Dräifachsystem. Trotz dëser Opléisung an zwéin Eenzelstäre gehéieren déi zwéin O-Stäre mat enger Mass vu 70 bis 100 Sonnemassen zu de schwéierste Stären an der Mëllechstrooss.

Mat Pismis 24-17, och als "HDE 319718B" bezeechent, gehéiert e weidert Exemplar mat ongeféier 100 Sonnemassen zu dëser rarer Stäreklass.

Daten[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]