Plättchen

Vu Wikipedia
Giel Plättercher als Wandverkleedung

Eng Plättchen ass eng kleng Plack, déi bannen oder bausse vun engem Gebai als Buedembelag an als Wandverkleedung benotzt gëtt. Meeschtens si Plättercher aus Keramik, Steen, Parzeläin oder Toun, mä si kënnen awer och aus anerem Material sinn, wéi Metall oder Glas.

Heiansdo fënnt ee Plättercher och op Miwwelstécker, wéi op engem Dësch, oder an enger Dusch. A sou engem Fall sinn d'Plättercher mat enger Glasur iwwerzunn an hunn eng glasaarteg, zouen Uewerflächeschicht fir datt d'Fiichtegkeet net an de Miwwel oder an d'Mauer zitt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Plättercher – Biller, Videoen oder Audiodateien