Plakatsail

Vu Wikipedia
Plakatsail an der Stad Lëtzebuerg
Eng Plakatsail zu Grolënster

Plakatsailen huet de Paräisser Prefekt Rambuteau 1842 opstelle gelooss, fir offiziell Affichen ophänken ze kënnen, ouni d'Stadbild ze verschampeléieren.

E Berliner Drécker, den Ernst Litfaß (1816-1876) hat dat matkritt an eng Demande gemaach, fir där Sailen a senger Heemechtsstad däerfen opzestellen. Am Dezember 1854 krut hie vum Berliner Polizeipresident d'Autorisatioun, an den 1. Juli 1855 ass déi éischt vu sengen honnert "Annoncier-Säulen" opgeriicht ginn. Sou koum de Litfaß zu engem Monopol, dee bis 1880 gegollt huet.

Enn 2004 stoungen an Däitschland ronn 67.000 Plakatsailen.

Am däitschsproochege Raum sinn d'Sailen allgemeng als Litfaßsail bekannt, iwwerdeems a Frankräich den Numm Colonne Morris geleefeg ass, als Referenz op de Richard a Richard-Gabriel Morris, déi 1868 zu Paräis e Concours gewonnen hate fir Plakatsailen z'entwerfen an opzeriichten. Hir Nofollgerin gouf plazeweis déi méi modern Colonne Wilmotte. Zanter 2019 ginn eng ronn 550 Stéck mat engem neie Modell ersat dee vun der Entreprise JCDecaux konzipiéiert gouf.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Payer: Die Säulen des Herrn Litfaß, in: Peter Payer, Blick auf Wien. Kulturhistorische Spaziergänge 2007, Wien, Czernin Verlag.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Plakatsailen – Biller, Videoen oder Audiodateien