Pont de France

Vu Wikipedia
Pont de France
De Pont de France lénks ënnen am Bild
Geographie
Land Belsch
Plaz Namouer
(Grognon)
Koordinaten 50°27'36"N, 4°52'12"O
Funktioun
Benotzt als Strossebréck
Tramsbréck (bis 1955)
Féiert iwwer Sambre
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Längt tëscht Widderlager 50 m
Felder/Béi 1
Breet 17,00 m (Originalbreet)
Héicht vum Bou 4,65 m
Material Stol
Gewiicht 588,225 to

De Pont de France ass eng Bréck iwwer d'Sambre an der belscher Stad Namouer. Et ass flossof déi lescht Bréck iwwer de Floss, just viru sengem Zesummelaf mat der Meuse um Grognon.

Déi haiteg Bréck ass eng stole Boubréck vun 1949, déi 2019 ëm 10 Meter méi breet gemaach gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Op der Plaz stoung zanter 1895 eng kleng Bréck fir Foussgänger a fir d'Tramslinn Namouer-Wépion-Profondeville. Déi Bréck gouf 1930 ewechgrappt a mat enger neier aus den Ateliers de Construction de Hal ersat. Dat geschouch gläichzäiteg mat den Ëmbauaarbechten op der Spëtz vun Grognon. Déi Bréck gouf am Zweete Weltkrich am Mee 1940 zerstéiert an tëscht 1948 an 1949 nees bal identesch opgeriicht. D'Rekonstruktioun gouf vun den Ateliers de Construction de Jambes-Namur gemaach, déi 1940 déi gesprengt Bréck aus dem Laf vun der Sambre geraumt hat, an all d'Elementer bei sech stockéiert hat. Sou konnt se vill Deeler nees benotzen an de Konstruktiounspräis konnt deementspriechend niddreg gehale ginn. D'Bréck gouf den 11. August 1949 vum deemolege Bauteminister Oscar Behogne, ageweit.

Technesches[änneren | Quelltext änneren]

Den Tablier vun der Bréck läit op 11 stole Béi mat engem Gelenk an der Mëtt, déi allkéiers 1,50 Meter vuneneen ewech stinn. Se sinn ënnereneen mat Longerone verstrieft déi 2,420 Meter vuneneen ewech leien. All déi Elementer sinn dann nach eng kéier an Z-form matenee verbonnen, sou datt een ënner Bréck eng ronn achtzeg Raute gesäit.