Op den Inhalt sprangen

Portmanteau-Wuert

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Portemanteau-Wuert)

E Port[e]manteau-Wuert, am franséische mot-valise genannt, ass e Konschtwuert, dat aus op d'mannst zwee Wierder entstanen ass, déi morphologesch uneneenhänken a sech zum Deel iwwerschneiden, an déi sou zu engem neie Begrëff verschmolt zinn. Si gläichen deemno engem Kompositum, ma sinn, anescht wéi dat, keng zwee Eenzelwierder méi.

De Begrëff kënnt aus dem Lewis Carroll senger Erzielung Through the Looking-Glass, and What Alice Found There (1871) hier, an där den Humpty Dumpty der Titelheldin Alice déi glunge Wierder aus dem Gedicht Jabberwocky explizéiert: Se wiere wéi Walissen: zwou Bedeitungen an ee Wuert gepaakt. De Begrëff fir Waliss, deen de Carroll gebraucht huet, war portmanteau (vum franséische Wuert porte-manteau, dat deemools e "Kleedersak" bezeechent huet; eréischt méi spéit krut et seng haiteg Bedeitung vu Kleederstänner oder -ophänk.)

Eng 70 Joer nom Lewis Carroll huet den James Joyce a sengem Spéitwierk Finnegans Wake Dausende vu Portmanteau-Wierder erfonnt.

Bekannte Beispiller fir Portmanteau-Wierder sinn:

  • Hannelore Poethe: Wort(bildungs)spiele, in: Irmhild Barz u. a.: Das Wort in Text und Wörterbuch, Hirzel, Stuttgart 2001, S. 23–40, ISBN 978-3-7776-1154-9
  • Hans Ulrich Schmid: Zölibazis Lustballon. Wortverschmelzungen in der deutschen Gegenwartssprache, in: Muttersprache 3 (2003), S. 265–278
  • Hartmut Günther: Kontamination, in: Helmut Glück (Hrsg.): Metzler Lexikon Sprache, Stuttgart 2005, ISBN 3-476-02056-8