Op den Inhalt sprangen

Camping

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Glamping)

Camping (oder Campéieren, Campen) ass eng Form vun Tourismus, déi dodra besteet, an Zelter, Hängematten, Rulotten, Mobilhomen, Vans oder änlechem, am Fräien z'iwwernuechten.

Camping gouf am Ufank vum 20. Joerhonnert populär an ass mëttlerweil eng wäit verbreet Form, fir Vakanz ze maachen oder ze reesen.

Prinzipiell kann een op zwouerlee Aart campéieren: op engem designéierten Terrain (Campingsterrain) oder "wëll", an der fräier Natur, respektiv op engem Privatterrain ouni besonnesch Infrastruktur.

Campingsterraine leien dacks a landschaftlech schéine Géigenden. Si bidde meeschtens sanitär an elektresch Versuergungsinfrastrukturen, an hu soss eng Ariichtung, déi jee nodeem vun engem einfachen Dusch- a Wäschblock bis hin zu engem Supermarché, engem Restaurant, enger Schwämm, Televisiouns- an Internetzougank, asw. geet.

An de meeschten europäesche Länner ass Camping reglementéiert, a "wëll" Campéieren net erlaabt.

Zanter den 2000er Jore gëtt et de Begrëff Glamping, e Portemanteau-Wuert aus Camping a glamour, fir eng besonnesch luxuriéis Aart a Weis vu Camping ze bezeechnen.

Camping zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Lëtzebuergescht Stroosseschëld F 12, dat e Campingsterrain uweist.

Zu Lëtzebuerg gëtt et (Stand 2022) 70 Campingplazen (39 dovun am Éislek an 21 am Mëllerdall, an 10 soss doruechter am Land), déi all zesumme Plaz fir eppes iwwer 38.000 Leit hunn.[1]

Am Joer 2022 goufen et zu Lëtzebuerg ronn 1 Millioun Iwwernuechtungen op Campingplazen.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Le tourisme en chiffres. Edition 2023. Luxembourg: STATEC, 2023. ISSN 2738-9464 (Dowload PDF; nogekuckt: 19.01.2024)
  2. Rapport d'activité du Ministère de l'économie, volume 2: Classes moyennes et toursme. Exercice 2022. op download.data.public.lu (nogekuckt: 19.01.2024).