Rulott

Vu Wikipedia
Eng Rulott

Eng Rulott (och Roulotte) oder Karawann ass en Unhänger fir motoriséiert Gefierer, deen ageriicht ass, fir kënnen dran ze wunnen.

Well se gezu gëtt, ënnerscheet se sech vun engem Mobilhome, resp. Campingcar.

Rulotte besti meeschtens aus engem Metall- oder Liichtmetallchassis an engem Opbau aus Metall oder Holz, dee bausse mat Aluminiumblech a banne mat Plastik oder Holzplacke verkleet ass, tëschent déi Schaummaterial (dacks Polystyrol oder Polyurethan) fir z'isoléieren agebaut gëtt.

Grouss (Luxus-)Rulotte kënne bis zu 8 m laang an 2,50 m breet sinn. Typesch Rulotten hunn eng Opbaulängt vu bis zu 4,50 m an eng Breet vun 2,10–2,30 m. Bis zu 6 Schlofplazen, wouvun der 2 éischter fir Kanner sinn, kënnen amenagéiert sinn. Meeschtens kënnen déi daagsiwwer als Sëtzbänke benotzt ginn.

Zu der Ariichtung gehéiert och bal ëmmer e Kicheblock mat enger Gaskachplack, engem Frigo (Standard ca. 70–90 l) an engem Spullsteen.

Méi seele fënnt een och Mini-Spullmaschinnen oder -Bakiewen. Et gëtt weider eng Këscht fir Gas-Bombonnen (fir 5-kg- oder 11-kg-Fläschen). D'Waasser gëtt an engem Tank versuergt, deen tëscht 10 a 70 l Capacitéit huet. Et gëtt och Uschlëss fir Frësch- an Ofwaasser, z. D. fir Gas, déi u Leitungen op enger Campingplaz ugeschloss kënne ginn.

Och e Buedzëmmer mat engem Lavabo, enger Kassettentoilette an dacks enger Dusch gehéiert derzou. D'Waasser gëtt mat engem elektreschen oder Gasboiler waarm gemaach. Och eng Gasheizung ass meeschtens mat agebaut.

D'Rulott am Code de la Route[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

An de meeschte Länner dierfe Gefierer, déi eng Rulott nozéien, net méi séier wéi eng bestëmmt Vitess op der Strooss fueren (typescherweis 80 bis 100 km/h).

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Code de la route definéiert eng Rulott als en „Unhänger deen entworf an ekipéiert ass, fir als mobil Wunneng ze déngen; jee no senger maximaler Mass gëtt en als Gefier O1 (Maximalmass ≤ 750 kg), O2 (Maximalmass > 750 kg a ≤ 3.500 kg), O3 (Maximalmass > 3.500 kg a ≤ 10.000 kg) oder O4 (Maximalmass >10.000 kg) klasséiert“[1].

D'Gewiicht vun der Rulott (oder eeben d'Kategorie vum Gefier) ass ausschlaggeebend wat fir eng Fürerschäinklass ee muss hunn, fir eng Rulott ze zéien. Fir den „normalen Autosfürerschäin“ (Klass B) däerf een z. B. eng Rulott mat enger Maximalmass bis 750 kg (Kategorie O1) drunhänken, ënner der Konditioun, datt d'Maximalmass Auto + Rulott net méi héich wéi 4.250 kg ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fürerschäin#Fürerschäiklassen.

Wann een eng Rulott zitt, ass déi erlaabt Héchstvitess op der Autobunn 90 km/h a 75 km/h baussent den Uertschaften[2].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rulotten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)CODE DE LA ROUTE – Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955. Artikel 2, Punkt 2.27. « Caravane: remorque conçue et équipée pour servir de logement mobile; selon sa masse maximale, la caravane est classée comme véhicule O1, O2, O3 ou O4 ». Gekuckt de(n) 18.01.2024.
  2. idem Art. 139, Punkt 2. c) d)