Pouru-Saint-Remy

Vu Wikipedia
Pouru-Saint-Remy
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Sedan
Kanton Sedan-3
Postcode 08140
Gemengecode 08343
Koordinaten 49° 40’ 47’’ N
      05° 05’ 03’’ O
Fläch  1.019 ha
Bevëlkerung  1.217 (2006)

Pouru-Saint-Remy ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est.

An der Uertschaft leeft de Ruisseau rouge an d'Kuer.

Vu 1560 bis 1642 huet d'Uertschaft zum Fürstentum Sedan gehéiert.

No Donnéeë vun der Revue vum Cercle de généalogie et d'héraldique des Ardennes wier Pouru-Saint-Remy dat d'Duerf an Europa an deem déi meescht Nokomme vum Clovis I. a vum Karel de Grousse géife liewen.

Well Pouru-Saint-Remy op enger Längt vu ronn 3 km vum Ruiseau rouge an der Mëtt gedeelt gëtt, ass et déi Uertschaft am Departement, déi déi meescht Brécken ze verzeechnen huet, eng ronn 20 Stéck.

Kuckt och[Quelltext änneren]