Power of Politics

Vu Wikipedia
Logo vum Spill

Power of Politics ass dat no eegener Ausso erfollegräichst éisträichescht Browserspill[1], bei deem e Spiller d'Roll vun engem virtuelle Politiker iwwerhëlt.

Bis ewell kann ee just an Éisträich, Schwäiz, Liechtenstein an Däitschland kandidéieren an et vum einfache Bezierksparteizaldot bis hin zum Kanzler bréngen. Et gouf vun de Mécher awer ugekënnegt, fir an Zukunft all d'EU-Länner am Spill unzebidden.

Lëtzebuerger déi awer elo scho wëlle matspille kënnen dat an der Partei vun de Minettsdäpp maachen, déi am virtuelle Bitburg fest am Suedel sëtzt an all neiem Member direkt e Regierungsmandat garantéiere kann. Vu datt et e Browserspill ass, geet et duer fir op d'Websäit vum Spill ze goen (hei drënner ass de Link), sech ze registréieren, als Bezierk Bitburg auszewielen an do der "Verbindung der Minettsdäpp" bäizetrieden. Eng extra Software muss een dofir net eroflueden, alles geet kamoud iwwer den normale Browser.

Beim Spill geet et duer wann ee sech ee- bis zweemol an der Woch fir eng hallef Stonn aloggt. Et fixéiert een dann Termäiner (déi eege Politikerfigur geet da vum selwen dohin a stäerkt hiert Wëssen, Selbstvertrauen oder hir Bekanntheet), fuerdert aner Spiller zu Diskussiounen eraus (diskutéiert gëtt och automatesch, déi stäerkst Politikerfigur gewënnt), mécht Koalitiounsverhandlunge mat anere Parteien, léisst seng Figur an der Parteizentral vum Fitnesstrainer stäerken oder schwätzt do an der Kantin mat Journalisten. An all Sonnde si Walen. Mä opgepasst, déi eege Popularitéit hänkt och vill vum Mediewäert vum eegenen Expertenthema of - an dat gëtt vun de reelle Medien all Dag nei bestëmmt. Natierlech gëtt et och e Forum wou ee mat anere Spiller chatte kann a sou Parteistrategien entwéckele kann.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.parlament.gv.at/ Pressedéngscht vum éisträichesche Parlament