Prosper Mérimée

Vu Wikipedia
Prosper Mérimée
Pseudonym L' Auteur du Théâtre de Clara Gazul, Clara Gazul, Joseph Lestrange, Hyacinthe Maglanovich
Gebuer 28. September 1803
Paräis
Gestuerwen 23. September 1870
Cannes
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Henri IV
Aktivitéit Anthropolog, Archeolog, Historiker, Iwwersetzer, Politiker, Schrëftsteller, Romancier, Moler, Dramatiker, Prosaist, Zeechner
Member vun Académie française
Famill
Liewenspartner(in) George Sand

De Prosper Mérimée, gebuer den 28. September 1803 zu Paräis a gestuerwen den 23. September 1870 zu Cannes, war e franséische Schrëftsteller.

Hien huet e puer Theaterstécker an en historesche Roman iwwer d'Baartelméis-Massaker geschriwwen, 1572: Chronique du règne de Charles IX (1829), gouf awer virun allem bekannt fir seng gutt zwou Dosen Erzielungen: déi vun 1829/30 un erauskoumen. Déi bekanntst sinn: Mateo Falcone, Tamango (béid 1829), Le Vase étrusque (1830), La Vénus d'Ille (1837), Colomba (1840) a Carmen (1845; 1874 vum Georges Bizet a seng bekannt Oper ëmgeschafft).

Méi spéit a sengem Liewen huet hien d'Wierker vum Puschkin (1856) an Turgenjew (1869) op franséisch iwwersat a se sou a Frankräich bekannt gemaach.

De Mérimée war 25 Joer laang fir de Monumenteschutz zoustänneg, an hat gutt Relatioune mam Napoleon III., wat him ë. a. eng Senateursplaz abruecht huet. 1834 huet de Prosper Mérimée ugefaangen en Inventaire vun de bemierkenswäerten architektonesche Monumenter a Frankräich z'erfaassen an zanter 1978 ass d'Datebank vum « patrimoine architectural remarquable » no him genannt, d'Base Mérimée.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Cromwell (1822)
  • Le Théâtre de Clara Gazul (1825)
  • La Guzla (1827)
  • La Jacquerie (1828)
  • Chronique du règne de Charles IX (1829)
  • Mateo Falcone (1829)
  • Vision de Charles XI (1829)
  • Tamango (1829)
  • Federigo (1829)
  • Le Vase étrusque (1830)
  • La Partie de trictrac (1830)
  • Mosaïque (1833)
  • La Double Méprise (1833)
  • Les Âmes du purgatoire (1834)
  • Notes de voyages (1835–1840)
  • La Vénus d'Ille (1837)
  • Notes d'un voyage en Corse (1840)
  • Colomba (1840)
  • Carmen (1845)
  • Il Viccolo di Madama Lucrezia (1846)
  • La Chambre bleue (1866)
  • Lokis (1869)
  • Lettres à une inconnue (1874)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Claudia Bork: Femme fatale und Don Juan. Ein Beitrag zur Motivgeschichte der literarischen Verführergestalt. Hamburg: von Bockel. 1992. ISBN 3-928770-02-0
  • Christian Chelebourg: Prosper Mérimée. Le sang et la chair. Une poétique du sujet. Paris u. a.: Lettres Modernes Minard. 2003. (= Archives des lettres modernes; 280) ISBN 2-256-90474-1
  • Xavier Darcos: Prosper Mérimée. Biographie. Paris: Tableronde. 2004. ISBN 2-7103-2666-3
  • Pierre H. Dubé: Bibliographie de la critique sur Prosper Mérimée. 1825-1993. Genève: Droz. 1997. (= Histoire des idées et critique littéraire; 358) ISBN 2-600-00199-9
  • Ernst Falke: Die romantischen Elemente in Prosper Mérimées Roman und Novellen. Halle an der Saale: Niemeyer. 1915. (= Romanistische Arbeiten; 6)
  • Ulrich Herzog: Wer ist Carmen? München: Droemer Knaur. 1987. (= Knaur; 3836; Sachbuch) ISBN 3-426-03836-6
  • Ulrich Mölk: Femme fatale und gelbe Blüte. Über Prosper Mérimées Novelle Carmen. Göttingen: Vandenhoeck u. Ruprecht. 1998.
  • Erich Reisen: Rhetorische Tropen in psychoanalytischer Sicht. Stilstudien zur Sprache Prosper Mérimées. Stuttgart: Steiner. 1994. ISBN 3-515-06519-9
  • Otto Theis: Sprache und Stil Mérimées in seinen Novellen. Frankfurt am Main: Univ. Diss. 1929.
  • Gerd Thieltges: Bürgerlicher Klassizismus und romantisches Theater. Untersuchungen zu den frühen Dramen Prosper Mérimées (1803-1870). Genève: Droz. 1975. (= Kölner romanistische Arbeiten; N. F., H. 44)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prosper Mérimée – Biller, Videoen oder Audiodateien