Prënzbistum
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Prënzbistum oder Fürstbistum (de:Hochstift, fr: Principauté épiscopale) war am Hellege Réimesche Räich bis 1806 e Bistum, an deem de Bëschof am Prinzip och déi weltlech Muecht hat, d. h. den Territoire (ganz oder nëmmen deelweis) wéi e weltleche Prënz regéiert huet.
Prënzbistümer an der Géigend vu Lëtzebuerg waren d'Prënzbistum Léck, dat politesch net zu den Nidderlanden gehéiert huet, an déi als Trois-Évêchés bekannte Prënzbistümer Toul, Metz a Verdun.
Wéi hei driwwer ugedeit, huet d'Gebitt, an deem e Bëschof och Prënz war, net onbedéngt mam ganze Bistum iwwereneegestëmmt. Sou war de Bëschof vu Léck wuel Prënz (a Bëschof) zu Léck, Hasselt, Maaseik, Huy, Dinant, Thuin, Givet - wéinstens am 17. Jh. nach -, awer zu Baaschtnech an zu Marche-en-Famenne, fir nëmmen déi lëtzebuergesch Uertschaften ze nennen, war hien nëmme Bëschof. Den Äerzbëschof vun Tréier war och Prënz an engem gudden Deel vu sengem Äerzbistum, awer net an der Stad, zu Iechternach, zu Béibrech oder zu Arel.