Punkt

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer Homonymie an der Wikipedia.

De Punkt (v. lat.: punctus = Astech), ass ursprénglech e Sazzeechen dat mam Schreifgriffel an eng Wuestafel gestach gouf.

An der Typographie ass e Punkt:

An der Konscht ass e Punkt:

An der Mathematik ass e Punkt:

An der Wëssenschaft an Technik ass e Punkt:

Am Sport:

  • am Sport gëtt bei Ranglëschten a bei Kompetitiounen wéi beim Basketball oder z. B. Zéngkampf mat Punkte gezielt.

An der Schrëft fanne mer de Punkt als Sazzeechen:

  • Um Enn vun engem Saz.
  • Bei Ofkierzungen (z. B.).
  • Méi Punkten hannereneen wann en e Wuert net well ganz ausschreiwen. (Bsp. Dat ass en décken A...).
  • Hanner Ordinalzuelen (Den 10. Januar)
  • Fir Dausender ze trennen (100.000).
  • A verschiddene Länner als Komma bei den Zuelen (10.33 = 10 komma 33).
  • Bei Andeelungen a Kapitelen an Ënnerkapitelen (1.3 steet fir Kapitel 1 Ënnerkapitel 3)

A verschiddene Sproochen z. B. Litauesch, Tierkesch a Polnesch als diakritescht Zeechen iwwer engem Buschtaf. (Accent) De Punkt um i gëtt meeschtens net als Punkt ugesinn.

An e puer net europäesche Sproochen an an Translitteratiounen als Ënnerzeechen, also ënner dem Buschtaf, fir verschidden Aussproochen ze markéieren.

Duebelpunkte gëtt et:

  • als horizontal Duebelpunkten (Trema).
  • als vertikal Duebelpunkten z. B. fir ze markéieren datt en eppes gesot huet (Dunn huet hie gejaut: Komm hier).

Am Solfége:

  • D'Fermaten, en Zeechen dat aus engem no ënnen oppenen Hallefkrees besteet mat engem Punkt an der Mëtt. (Roupunkt)
  • E Verlängerungspunkt hanner enger Nout
  • De Konterpunkt e Begrëff aus der Musekstheorie

An der Geographie:

  • Kardinolpunkte si wichteg Punkten déi net verännerlech sinn, z. B. och bei engem Plang bei deem se deen Tracé virginn doduerch datt en entweder muss iwwer dee Punkt fueren, oder datt een deem Punkt onbedingt muss aus de Féiss goen.