Québec
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Provënz Québec. Fir d'Stad, kuckt wgl. Québec (Stad). |
Québec | |||||
| |||||
Devise: Je me souviens | |||||
All Provënzen an Territoirë vu Kanada | |||||
Land: | Kanada | ||||
Haaptstad: | Québec | ||||
Gréisst Stad: | Montréal | ||||
Premierminister: | François Legault (CAQ) | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 2. Plaz 1.542.056 km² 11,5 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 2. Plaz 7.903.001 (2011) 5,79/km² | ||||
Deel vu Kanada ginn: | 1. Juli 1867 | ||||
Offiziell Sprooch: | Franséisch | ||||
Zäitzon: | UTC-5/-4 | ||||
Postcode: | QC |
De Québec ass eng Provënz am Oste vu Kanada.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Provënz Québec läit am ëstlechen Deel vu Kanada an ass ongeféier dräimol sou grouss wéi Frankräich oder Texas. Si ass gréisstendeels dënn besidelt. Wéinst där enormer Gréisst variéiert d'Topographie vun enger Regioun an déi aner, jee no Zesummesetzung vum Buedem, Klima a Proximitéit zum Waasser
Am Québec fënnt een eng vun de weltwäit gréisste Séisswaasserreserven. Si bedecken ronn 12% vun der Gesamtfläch. Am Ganze huet de Québec 3% vum erneierbare Séisswaasser op der Welt, mä nëmmen 0,1 % vun der Weltbevëlkerung. Donieft gëtt et eng Hallef Millioun Séien, dorënner 30 déi méi wéi 250 km² grouss sinn, a 4.500 Flëss déi an den Atlantik an den Arkteschen Ozean lafen
Demographie a Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]2011 hunn iwwer 7,9 Millioune Leit am Québec gewunnt. De Québec ass domat d'Provënz mat der zweetgréisster Bevëlkerung an déi eenzeg an där d'Majoritéit vun der Bevëlkerung francophone ass. Franséisch ass déi eenzeg offiziell Sprooch. 78% vun den Awunner hu Franséisch a 7,7% Englesch als Mammesprooch.
Bal d'Hallschent vun der Bevëlkerung wunnt an der Metropolregioun ëm Montréal.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Vue op Montréal
-
D'Fête de la Nouvelle-France an der Stad Québec
-
D'Rue St-Louis zu Québec
-
En aalt, restauréiert Haus
-
E Bësch am Hierscht
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- www.quebecoriginal.com (Tourismusportal)
Commons: Québec – Biller, Videoen oder Audiodateien |