RMS Araguaya

Vu Wikipedia
D'Araguaya an d'Arcadian op Croisière an den norwegesche Fjorden an den 1920er Joren
(Bild vum Kenneth D. Shoesmith)

D'Araguaya war e Passagéierschëff vun der Royal Mail Steam Packet Company dat 1906 gebaut gouf a meeschtens op der Haaptlinn vun der Gesellschaft tëscht England a Südamerika agesat gouf. Heiansdo huet et Croisièren an Norwegen gemaach.

1930 gouf et un de Jugoslawesche Loyd verkaaft deen et a Kraljica Marija (Queen Mary op Serbo-kroatesch) ëmgedeeft huet. Fir déi Gesellschaft ass et um Schwaarze Mier an um Mëttelmier gefuer.

1940 huet déi franséisch Gesellschaft Compagnie générale transatlantique et kaaft an a Savoie II ëmgedeeft (1940-1942). Am Zweete Weltkrich gouf et requisitionéiert an ass beim Debarquement an Nordafrika den 8. November 1942 viru Casablanca ënnergaangen.