Rabosée

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Rabosée bei Wandre. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Rabosée (Homonymie).
Rabosée
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Léck
Koordinaten 50° 40’ 00.10’’ N
      05° 40’ 18.70’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4020

Rabosée ass eng kleng Uertschaft op de rietsen Héichte vum Meusedall, riets a lénks vun der N 642 an der Sektioun Wandre vun der Gemeng Léck. Am Oste stéisst d'Uertschaft un d'Grenz vun der Sektioun Saive an der Gemeng Blegny.

Rabosée ass besonnesch bekannt wéinst der Schluecht vu Rabosée déi sech do am Éischte Weltkrich de 5. a 6. August 1914 ofgespillt huet. D'Proximitéit vum Fort vu Barchon huet och am 2. Weltkrich zu Krichereien zu Rabosée an an der noer Ëmgéigend gefouert. Den Zaldotekierfecht vu Rabosée an eng Partie Monumenter erënneren un déi traureg Evenementer.

Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

De Kierfecht vu Raboséé ass ee vun den 160 wallounesche Kierfechter déi als Naturkierfecht klasséiert sinn.

Monumenter am Zesummenhank mat de Kricher[änneren | Quelltext änneren]

  • Monument aux morts de l'Armée de la Libération, op der Place des fusillés zu Xhavée-Rabosée.
  • Carré d'honneur, um Kierfecht vu Rabosée
  • Monument aux martyrs civils de 1914-1918 am Stouss vu Wandre op Rabosée
  • Monument aux morts des deux guerres, am Stouss vu Wandre op Rabosée, vis-à-vis vun deem vu virdrun
  • Monument aux morts des deux guerres, um Kierfecht
  • 2 Plaques commémoratives 1914-1918, riets a lénks vun der Kierchepaart zu Souverain-Wandre
  • Plack fir d'Affer vun 1914-1918, op der Kierfechtsmauer vun der Kierch déi ewechgerappt gouf, an der Rue Henri de Louvain