Radio Diddeleng
Radio Diddeleng | |
---|---|
Radio Locale de la Ville de Dudelange | |
Allgemeng Informatiounen | |
Typ | Lokalradio |
Land | Lëtzebuerg |
Sëtz | Diddeleng |
Slogan | Äre Radio · A sua Rádio · votre radio |
Sprooch | Lëtzebuergesch, Portugisesch |
Geschicht | |
Ufanksdatum | 1992 |
Gestioun | |
Besëtzer | Radio Diddeléng |
Empfang | |
Frequenz | 103,6 MHz |
Streaming | https://mixlr.com/users/3499353/embed?color=85e92f&autoplay=false |
Homepage | https://www.radiodiddeleng.lu |
![]() |
Radio Diddeleng ass e lokale Radiosender zu Lëtzebuerg, dee vun Diddeleng aus sent a vun der A.s.b.l. Radio Diddeléng[sic][1] bedriwwe gëtt.
Historique
[änneren | Quelltext änneren]Radio Diddeléng asbl ass 1992 vun e puer idealistesche Privatleit gegrënnt ginn déi voller Enthusiasmus ware fir Radio ze maachen.[2]
Vun der éischter Stonn u sinn d'Emissiounen aus dem Studio, deen an engem Privathaus an der Bannenterstrooss installéiert war, 24/24 Stonnen op der Frequenz 103,9 iwwerdroe ginn.
1994 huet de Radio seng Dieren an den ale Pompjeeslokalen hanner der Gemeng opgemaach. á
1996 ass d'Frequenz vu Radio Diddeleng offiziell op 103,6 geännert ginn.
Zanterhier gëtt et Emissioune vun Animateure vu verschiddenen Altersklassen, wéi "Happy Hour", "Show-Time", "On Air", wourënner och lokalhistoresch Emissioune wéi déi vum Jos Weirich iwwer Die Kriegsjahre 1940-1945 an déi vum Nic Daubenfeld mat Düdelinger Allerlei sinn.
Radio Diddeleng sent och Emissioune vun der portugisescher Communautéit vun Diddeleng.
2007-2009 goufe mat Ënnerstëtzung vun der Diddelenger Gemeng an dem Syndicat d'Initiative d'Studioen an déi ganz Technik vum Radio moderniséiert.
Ekipp
[änneren | Quelltext änneren]D'Ekipp besteet ausschliisslech aus fräiwëllege Mataarbechter. Déi villfälteg Funktiounen déi am Radio z'erfëlle sinn erlabe jiddwerengem seng Kompetenzen a Motivatiounen anzebréngen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Radio Locale de la Ville de Dudelange, Radio Diddeléng, RD (LBR F3656)
- ↑ Source vum Historique op radiodiddeleng.lu