Radio R.O.M.

Vu Wikipedia

De Radio R.O.M. (Radio Organisatioun Medernach) ass e lëtzebuergesche Radiossender, dee lokal begrenzt vu Miedernach aus op der Frequenz 106,5 MHz ausgestraalt gëtt. De Veräin ass eng Asbl no lëtzebuergeschem Recht. De Sëtz vum Radiosender ass zu Miedernach am Gebai vun der Gemeng.

D'Radiosstatioun huet hire Betrib den 28. Mee 1988 gefaangen, deemools nach als Piratesender ënner dem Numm ARANTIA, kuerz drop ëmbenannt an M103 (well deemools op 103 MHz gesent gouf). Vum 6. September 1989 u war et awer nees roueg am Äther, d'Statioun huet op Unuerdnung vum Procureur missen ofgeschalt ginn, mat der Begrënnung datt de Funkverkéier vum Fluchverkéier gestéiert géif ginn, wuel duerch d'Noperschaft mat der Funkrichtstatioun Goldknapp bei Dikrech. Mat legalem Status konnt am Januar 1993 de Sendebetrib nees opgeholl ginn, ënner dem neien Numm Radio R.O.M. a mat der neier Frequenz 106,5 MHz. Am Juli 1993 gouf de Sender op 100 Watt eropgesat. Zanter Juli 2006 kann een de Programm och als Livestream iwwer den Internet lauschteren.

De Radio R.O.M. huet vum "Piratensender" zum lokalen/regionale Radiossender iwwer déi lescht Joren ausgebaut. Et gouf eng nei Antenn opgeriicht, de Programm restrukturéiert an a Genrë kategoriséiert a virun allem Kooperatioune mat Veräiner an aneren Radiossendere goufen ofgeschloss. De Radio R.O.M. huet eng eegen Internetsäit déi reegelméisseg à jour gesat gëtt an ass och a verschidenne soziale Medien erëmzefannen, wéi op Facebook, Linkedin an Twitter.

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.


Radio R.O.M. huët am Summer 2016 seng Frequenz geännert an ass op senger neier Frequenz FM 101.5 Mhz ze empfänken. Radio R.O.M. huet vun der ALIA dës Frequenz op ons Demande zougewisen kritt. Dësen Frequenzwiessel war dréngend noutwendeg, well auslännesch Radiosender onse Betrib gestéiert hunn.

Esou garantéiert Radio R.O.M. sengen Nolauschterer ab dem 18. Juli 2016 en Programm an enger besserer Qualitéit an mat gréisserem Empfangsgebitt.

2021 huet Radio R.O.M. un den nationalen DAB+ Tester mattgewierkt an ab Oktober 2021 eng Test Sendelizenz fir op DAB+ säin Programm ze senden an ze testen. Testlizenz gouf no 6 Méint nach emol fir 6 Méint verlängert an den Instanzen gëtt een Rapport vunn den Konstate an Miessungen am Hierscht 2022 virgeluëcht.

Säit 2010 publizéiert de Radio R.O.M. semestriell den RadioMAG. Dëst ass een informativen Magazin iwwer divers Sujete wat Kultur, Events, Musëk an och ons Partner betrefft. Et ass een gefalten DIN A3 Format an gëtt vunn de Bénénvoles vum Radio R.O.M. gratis verdeelt oder verschéckt. Et gett eng gratis PDF Versioun op der Homepage vum Radio R.O.M. (www.rom.lu)

Eng weider gutt Noriicht war 2016, dass den RadioMAG vun 1250 op 2000 Exemplairen erhéijt gouf. Doduerch deckt Radio R.O.M. gären déi wuessend Gemengen of wat fir d'Werbepartner e weideren Avantage huet.

Radio R.O.M. asbl ass Mattgrënner vum Daachverband vunn den lëtzebuerger Lokalradiosender, DLLR deen 24.04.2022 gegrënnt gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]