Ralph Schon
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Ralph Schon | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
20. Januar 1990 Wolz |
| Alter | 36 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller |
| Positioun oder Spezialitéit | Golkipper |
| Gréisst | 195 cm |
| Veräin/Ekipp |
FC UNA Stroossen, FC Wolz 71 |
|
| |
De Ralph Schon, gebuer den 20. Januar 1990 zu Wolz, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.
Veräinskarriär
[änneren | Quelltext änneren]Ab dem Alter vu 16 Joer huet de Ralph Schon bei sengem Jugendveräin FF Norden 02 an der éischter Ekipp am Gol gespillt. Mam FF Norden ass hien zweemol an d'Éierepromotioun opgestigen. 2016 ass hien an d'Nationaldivisioun bei den FC Una Stroossen gewiesselt. Zanter 2020 ass hie Golkipp beim FC Wolz 71.
Nationalekippskarriär
[änneren | Quelltext änneren]Den 13. November 2016 huet hie bei der 1:3-Néierlag géint Holland fir d'éischt fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[1] Den 18. November 2024 gouf hien am Nations League-Match géint Nordirland an der 74. Minut agewiesselt, fir säin 19. a leschte Lännermatch ze spillen. No dësem Match huet hien säi Récktrëtt aus der Nationalekipp bekannt ginn.[2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun de Lännermatcher vum Ralph Schon op eu-football.info
- ↑ (de) Ralph Schon kehrt mit feuchten Augen in den M-Block zurück. Luxemburger Wort (13.02.2025). Gekuckt den 13.02.2025.
