Rahm

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ram)
Mëllechzentrifug "vu fréier" am Musée ënner fräiem Himmel "Neuhausen ob Eck zu Tuttlingen a Baden-Württemberg

D'Rahm, oder d'Ram, oder de Schmant, ass deen Deel vun der Mëllech deen am meeschte Fett huet, an dee wann een d'Mëllech stoe léisst, sech uewen drop sammelt.

D'Rahm kann duerch d'Ofschäffen oder mat Hëllef vun enger Mëllechzentrifug aus der Mëllech geholl ginn. De Prinzip dobäi ass dee selwechten, hir Trennung vun de moren Deeler vun der Mëllech geschitt duerch déi verschidde spezifesch Gewiichter.

D'Rahm kann duerno a verschiddene Varietéite verschafft ginn:

  • Frësch Rahm (crème fraîche)
  • Sauer Rahm (crème épaisse)
  • Liicht sauer Rahm (crème fraîche acidulée)
  • D'Rahm ass och d'Basisprodukt vu ville Kéiszorten, vum Botter, a fir Schlagsan ze maachen.

Fir ze verhënneren, datt d'Rahm sech op der Mëllech ofsetzt, gëtt déi an de Molkereien homogeenisiéiert.

Beim Kachen huet d'Rahm de Virdeel op d'Mëllech datt se net gär iwwerkacht, an och net sou séier wéi d'Mëllech ubrennt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rahm – Biller, Videoen oder Audiodateien