Ram Nath Kovind

Vu Wikipedia
Ram Nath Kovind
Gebuer 1. Oktober 1945
Nationalitéit Indien
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Bharatiya Janata Party

De Ram Nath Kovind (Hindi: राम नाथ कोविन्द), gebuer den 1. Oktober 1945 am Distrikt Kanpur Dehat, United Provinces, British India (haut Provënz Uttar Pradesh), ass en indesche Politiker (Bharatiya Janata Party; BJP). Den 20. Juli 2017 gouf hien als 14. Staatspresident vun Indien gewielt.

Hien huet op der Kanpur University (Uttar Pradesh) e Bachelor of Laws (BLL) an e Bachelor of Commerce (B.com) gemaach an dono als Affekot geschafft. Vun 1977 bis 1993 war hien Affekot, resp. Conseiller fir d'indesch Zentralregierung.

1991 gouf hie Member vun der BJP. 1994 gouf hien an d'Rajya Sabha, d'Chamber vun de Staate vum indesche Parlament gewielt, wou en de Bundesstaat Uttar Pradesh 12 Joer laang representéiert huet. Zäitweileg war hien och Ambassadeur vun Indien bei de Vereenten Natiounen.

Den 8. August 2015 huet de Staatspresident Pranab Mukherjee hien zum Gouverneur vum Bundesstaat Bihar ernannt.

Den 19. Juni 2017 gouf de Kovind Kandidat vun der Parteiekoalitioun National Democratic Aliance, an där d'BJP déi gréisst Partei war.

Hien huet d'Walen am 2. Tour mat 65,6 % vun de Stëmme géint d'Meira Kumar vun der Kongresspartei gewonnen.

De Ram Nath Kovind ass bestuet an huet eng Duechter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ram Nath Kovind – Biller, Videoen oder Audiodateien