Randy Rhoads

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Randy Rhoads
Gebuertsnumm Randall William Rhoads
Gebuer 6. Dezember 1956
Santa Monica
Gestuerwen 19. Mäerz 1982
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit USA
Educatioun Burbank High School
Aktivitéit Gittarist, Museker, Klassesche Gittarist, Lidderschreiwer

De Randall William „Randy“ Rhoads, gebuer de 6. Dezember 1956 zu Santa Monica a Kalifornien, a gestuerwen den 19. Mäerz 1982 zu Leesburg a Florida, war en US-amerikaneschen Heavy Metal-Gittarist. Mat 6 Joer krut hie seng éischt Gittar, a mat 14 Joer huet hie mat sengem Brudder Kellie seng éischt Band,Violet Fox, gegrënnt.

Richteg bekannt ass en awer eréischt mam Ozzy Osbourne ginn, mat deem hie bis zu sengem fréien Doud 1982 gespillt huet.

De Randy Rhoads ass den 19. Mäerz 1982 an engem Fligeraccident ëm d'Liewe komm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]