Rashaff
| Rashaff | |
|---|---|
|
| |
| An anere Sproochen |
fr: Rashof de: Rashof |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Miersch |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Marguy Kirsch-Hirtt (Är Leit) |
| Koordinaten |
49° 42’ 14’’ N 06° 09’ 53’’ O |
|
| |

De Rashaff ass e Bauerenhaff an e Lieu-dit zu Blaaschent an der Gemeng Luerenzweiler am Kanton Miersch.
Den Haff gëtt net méi als Bauerewiese gefouert, an d'Gebaier, bis op d'Wunnhaus, si verlount.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Rashaff läit zirka 200 m nërdlech vu Blaaschent, an engem Hank op enger Héicht vun 361 m, um hallwe Wee tëscht dem Duerf an dem Härebësch.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi eelst Quellen iwwert en Haff op dëser Plaz sinn op 1581 a 1640 datéiert, déi eelst erhale Bausubstanz ass aus dem 17. Joerhonnert. De Rashaff gehéiert net nëmmen zu den eelste Gebaier vu Blaaschent, mä vun der ganzer Gemeng an et ass ee vun de grousse landwirtschaftleche Betriber, déi d'Duerflandschaft iwwer Joerhonnerte gepräägt hunn.
Uechter d'Zäit gouf e schrëftlech als Rauchshof, Rachshof, Rasshoff, Rahshoff, Raashoff, Rashov, Rashoff a Rashof.[1] Déi (inkorrekt) Schreifweis Raashaff fënnt een och nach doruechter.
Den Haff, d'Grafdenkmal an e Bildstack gradewéi e Waasserreservoir mat enger Pompelstatioun, nordwestlech vum Haff, sinn als nationaalt Kulturierwe klasséiert.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ministère de la Culture, Institut national du patrimoine architectural (INPA): Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Gemeinde Lorentzweiler. Luxemburg 2023. ISBN 978-2-919883-52-3, S.124-139.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ INPA, Inventarisierung, S.126.

