Reckenerbaach

Vu Wikipedia

D'Reckenerbaach ass eng Baach zu Lëtzebuerg an der Gemeng Miersch. Si huet hir Quell um Flouer Bruch tëscht der Reckener Barrière an dem Openthalt op enger Héicht vun 310 Meter. Se leeft vun do aus no Osten, nërdlech laanscht Recken, fir no engem Laf vun 3.700 Meter zu Miersch vu lénks an d'Äisch ze lafen.