Regolamento Internazionale delle Carrozze

Vu Wikipedia

De Regolamento Internazionale delle Carrozze, kuerz RIC, ass en 1922 ofgeschlossenen Traité iwwer d'Compatibilitéit vun Eisebunnsvoituren.

Haut sinn d'Staatseisenbunne vun de 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun Member vum Traité. Donieft ass d'Schwäiz Member an huet bis 1982 d'Gestioun vun de Krittäre gemaach. Haut gëtt dat vun der UIC gemaach. Groussbritannien, Irland a Finnland hunn den Traité net ënnerschriwwen.

Beispill vun engem RIC Raster.

Eng Voiture déi am Kader vun dësem Traité ënnerwee ass, huet un der Säit e Raster mat de wichtegsten Informatioune wéi Héchstvitesse, Alimentatiounsverträglechkeet an ob se mat enger Fär fuere kann (symboliséiert duerch en Anker).

Wann eng Voiture konform mat den RIC-Krittären ass, dann däerf se ouni weider Formalitéiten an de Memberstaate vum RIC fueren.

Beispill vun engem Raster baussent dem RIC.

Voituren déi d'Krittäre vum RIC net erfëllen, däerfen nëmmen op auslännesche Reseaue fueren, wann déi Länner hiren Accord dozou ginn hunn.

Situatioun beim CFL[änneren | Quelltext änneren]

Bei der CFL gëtt et ablécklech 16 Corail Voituren déi iwwer RIC verfügen an eng Handvoll Wegmänner déi konform mam RIC sinn.