René Didier

Vu Wikipedia
René Didier
Gebuer 6. November 1922

De René Didier, gebuer de 6. November 1922 zu Miedernach, war am Zweete Weltkrich e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten.

De René Didier war Vizepresident vun der Zwangsrekrutéiertefederatioun, der Ligue Luxembourgeoise des Mutilés de Guerre 1940-1945, Leeder vum Office Social vun den Zwangsrekrutéierten a President vun der Sektioun Lëtzebuerg vun den Zwangsrekrutéierten.

A sengem Buch Zwangsrekrutéiert Mutiléiert Diskriminéiert, dat 2006 erauskoum, an dat de René Didier an enker Zesummenaarbecht mam Groupe de Recherches et d'Études sur la Guerre 1940-1945, mat Sëtz zu Ettelbréck realiséiert huet, dokumentéiert hien dat, wat hien am Krich erlieft huet.

Kuerz virun der räichsdäitscher Kapitulatioun gouf hien op der russescher Front schlëmm blesséiert a krut déi zwee Been amputéiert. Vun der englescher Militäradministratioun krut hien e Passéierschäin, deen him bei senger Heemrees vill Déngschter geleescht huet. A sengem Buch geet de René Didier och op déi verschidden administrativ Problemer an, mat deene sech d'Zwangsrekrutéiert nom Krich hu missen erëmschloen.

D'Buch[änneren | Quelltext änneren]

  • Zwangsrekrutéiert Mutiléiert Diskriminéiert, 2006 am Eegeverlag erauskomm beim René Didier zu Senneng.