Reynolds 531

Vu Wikipedia

Reynolds 531 ass de Markennumm ënner deem d'Reynolds Cycle Technology vu Birmingham an England, 1935, Réier fir d'Konstruktioun vu Vëloskaderen androe geloss huet.

Den éischte grousse Succès op engem Vëlo dee mat dëse Réier gebaut gouf hat de Lëtzebuerger Coureur Charly Gaul wéi en den Tour de France 1958 gewonnen huet.

Aner Succèse vu Coureuren op Vëloe mat Reynolds-Réier[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganze goufe vun 1958 un 27 grouss Courssen op Vëloe mat Reynolds-Réier gewonnen.

Ze ernimme bleift nach, datt Reynolds 1980 fir de 531-Rouer de Guidon d'Or krut.