Riccardo Montolivo

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Riccardo Montolivo
De Riccardo Montolivo am Dress vum AC Mailand

De Riccardo Montolivo am Dress vum AC Mailand
De Riccardo Montolivo am Dress vum AC Mailand
Spillerinformatiounen
Vollen Numm Riccardo Montolivo
Gebuertsdag 18. Januar 1985
Gebuertsplaz CaravaggioItalien
Gréisst 181 cm
Positioun Zenter
Veräiner an der Jugend
2000-2003 Atalanta Bergamo
Veräiner als Aktiven1
Joer Veräin Matcher (Goler)
2003–2005
2005-2012
2012-2019
Atalanta Bergamo
AC Florenz
AC Mailand
72 (7)
217 (17)
158 (10)
Nationalekipp2
2007-2017 Italien 66 (2)

1 Nëmme Liga-Matcher.
 Stand: 4. Januar 2020
2Stand: 4. Januar 2020

De Riccardo Montolivo, gebuer den 18. Januar 1985 zu Caravaggio, Italien, ass en italieenesch-däitsche (Sic!) Foussballspiller.

Hie spillt zanter 2012 beim AC Mailand.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Vu 15. bis 18. Joer huet de Montolivo an der Jugend vun Atalanta Bergamo gespillt. An der Saison 2003/04 ass hie fir déi éischt Ekipp an der Serie B an an der Saison drop an der Serie A opgelaf. Säin Debüt hat hien den 12. September 2004 (1. Spieldag) beim 2:2-Gläichstand am Heemspill géint US Lecce; säin éischte Gol huet hien den 23. Oktober 2004 (7. Spilldag) beim 2:2-Gläichstand am Heemspill géint Cagliari Calcio geschoss.

Mam Ufank vun der Saison 2005/06 ass de Montolivo bei den AC Florenz gewiesselt an huet zwou Saisonen do gespillt. Hien ass séier Stammspiller ginn. Spéiderhin ass hie souguer Kapitän vun de Florentiner ginn.

Zur Saison 2012/13 huet den AC Mailand Montolivo ënner Vertrag geholl. Hien huet e Véier-Jores-Vertrag bis zum 30. Juni 2016 ënnerschriwwen.

Nationalmannschaft[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de Montolivo fir d'U-18-, U-19- an d'U-21-Nationalekipp opgeruf gouf, huet hien de 17. Oktober 2007 an der Squadra Azzura debutéiert, wéi déi zu Siena e Frëndschaftsspill géint Südafrika mat 2:0 gewonn huet. Säin éischte Gol huet hien den 10. August 2011 zu Bari bei der 2:1-Victoire am Testspiel géint Spuenien geschoss.