Roby Langers

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Robby Langers)
Roby Langers
Gebuer 1. August 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 178 Zentimeter
Veräin/Ekipp FC Metz,
Union Lëtzebuerg,
Borussia Mönchengladbach,
F91 Diddeleng,
Union Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Racing FC Union Lëtzebuerg
Famill
Geschwëster Pierrot Langers


De Robert (Roby) Langers gebuer den 1. August 1960 zu Lëtzebuerg ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller. Seng Plaz um Terrain war am Stuerm an hien huet fir d'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an 73 Matcher 8 Goler geschoss.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Roby Langers huet ugefaangen an der Union Lëtzebuerg ze spillen an huet 1980 e Stage bei Borussia Mönchengladbach gemaach. Well hien do den drëtten Auslänner op der Lëscht war, awer an de Matcher nëmmen der zwéin erlaabt waren, huet hien do knapps zéng Matcher gespillt. Den FC Metz hat hien awer entdeckt, an huet en och 1982 engagéiert. Vu Metz gouf hie bei den Olympique de Marseille deen déizäit an der zweeter Divisioun gespillt verléint. No engem Joer a siwe Matcher geet hien op Metz zeréck a gëtt erëm op Quimper a Guingamp verléint. No sechs Joer Kontrakt mat Metz wiesselt hien op Orléans an der zweeter Divisioun.

Et ass zu Orléans wou hie säin Talent beweise kann. Hie war am Stuerm wéi Orléans an der Aachtelsfinal vun der Coupe de France de PSG am Parc de Princes 4-0 geschlaff huet. Hie schléisst d'Saison 88-89 als Meilleur buteur an der zweeter Divisioun of, mat 27 Goler an 33 Matcher.

Hie gëtt doropshi vum OGC Nice engagéiert an hie spillt do zesummen am Stuerm mat dem Jules Bocandé. Am Match géint Stroossbuerg bréngt hien et fäerdeg fir 4 Goler hannereneen ze schéissen.

Well Nice an der Saison 90-91 finanziell Schwieregkeeten huet wiesselt en nodeem en Transfert bei de PSG schifgelaf war, bei den AS Cannes. Do spillt hien e Joer mam Luis Fernandez, dem Aljoša Asanović an dem Zinedine Zidane. No engem Joer zu Cannes geet hien an d'Schwäiz op Yverdon spillen, fir duerno erëm zeréck op Lëtzebuerg ze komme wou en dann a sengem ale Veräin der Union spillt.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

  • 1987 gouf de Roby Langers zum lëtzebuergesche Sportler vum Joer gewielt.
  • Beschte Buteur am Championnat de France D2 an der Saison 1988-1989.
  • Drëttbeschte Buteur am Championnat de France mat Nice an der éischter Divisioun 1989-90 mat 17 Goler hanner dem Jean-Pierre Papin mat 30 Goler.
  • Quadruplé am Championnat de France beim Match Stroossbuerg-Nice D1 1989-90 an deem Nice 0-6 gewënnt.
Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Fonsy Grethen 1987 Marc Girardelli


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]