Robert Da Grava

Vu Wikipedia
Robert Da Grava
Gebuer 17. August 1944
Gestuerwen 16. Juli 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

De Robert Da Grava, (*17. August 1944, † 16. Juli 2016) war e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an Trainer.[1]

Ënner anerem war de Robert Da Grava (genannt "Fino" Da Grava) vun 1980-1984 Trainer beim FC Blo-Wäiss Izeg.

An der Mëtt vun der Saison 1979/80 huet de Robert Da Grava zu Izeg d'Trainerbänk vum Mario Morocutti, dee verletzungsbedéngt (Meniskusschued) ausgefall ass, iwwerholl. D'1.Ekipp kënnt déi Saison net iwwer déi zweetlescht Plaz eraus a muss dat Joer drop nees an der 3.Divisioun untrieden.

Zesumme mam Robert Da Grava geléngt den Izeger awer nees 1980/81 de Retour an d'2. Divisioun wou si dann och bis 1984/85 gespillt hunn.

Tëscht dem 7. Oktober 1972 am 16. Oktober 1976 huet de Robert Da Grava 14-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Robert Da Grava op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Robert Da Grava op der Websäit vun European Football