Robert Edwards

Vu Wikipedia
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Robert Edwards
Gebuertsnumm Robert Geoffrey Edwards
Gebuer 27. September 1925
Batley
Gestuerwen 10. Abrëll 2013
Cambridge
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vu Bangor,
Universitéit vun Edinburgh
Aktivitéit Dokter, Physiolog, Biolog, Fuerscher
Member vun Royal Society, Academia Europaea
Famill
Bestuet mat Ruth Fowler Edwards


De Sir Robert Geoffrey Edwards, CBE, FRS, gebuer de 27. September 1925 zu Batley, England a gestuerwen den 10. Abrëll 2013 zu Cambridge, war e brittesche Physiolog a Pionéier am Domaine vun der Reproduktiounsmedezin. Zesumme mam brittesche Gynekolog Patrick Steptoe huet den Edwards d'In-vitro-Fertilisatioun entwéckelt, woufir en 2010 den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin krut[1].

Hien huet 1980 mam Steptoe am Cambridgeshire d'Bourn Hall Clinic gegrënnt. 1977, no jorelaangen Experimenter, ass et hinne gelongen eng Fra kënschtlech ze befruchten, de 25. Juli 1978 koum d'Louise Joy Brown mat engem Keeserschnëtt op d'Welt[2].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • A Matter of Life. How the first „Test Tube Baby“ was Conceived and Born. Zesumme mam Patrick Steptoe. Morrow, New York 1980.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Laureates 2010" op nobelprize.org
  2. P. C. Steptoe, R. G. Edwards: Birth after the reimplantation of a human embryo. In: Lancet. Band 2, Nummer 8085, August 1978, S. 366, ISSN 0140-6736.