Robert Parker

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Robert Parker
Gebuer 23. Juli 1947
Baltimore
Nationalitéit USA
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Editeur, Affekot

De Robert M. Parker, gebuer den 23. Juli 1947 zu Baltimore, Maryland, USA, ass en US-amerikaneschen Auteur, Editeur a Wäikritiker.

Hien ass en ausgebilten Affekot, ass awer zanter bal 30 Joer professionell als Wäin-Journalist aktiv. Seng Bewäertunge vun de Wäiner mat senge Parker-Punkten hunn international en determinanten Afloss op d'Präisbildung bei Wäiner. De Parker soll all Dag zirka 100 Wäiner schmaachen. Dementspriechend voluminéis si seng Bewäertungen a senge Publikatiounen (The Wine Advocate) (Zäitschrëft),Bordeaux a Parkers Wäin-Guide.

Seng Analyse bezéie sech haaptsächlech op de Wäibau a Frankräich, an Italien an den USA (Kalifornien). De Robert Parker schléisst och déi spuenesch an australesch Wäiner ëmmer méi a seng Bewäertungen an.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]