Robert Thillens

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Foussballspiller. Fir de lëtzebuergesche Basketballspiller, kuckt wgl. Robert Thillen.
Robert Thillens
Gebuer 30. Mäerz 1957
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

De Robert Thillens, gebuer den 30. Mäerz 1957, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller, Foussballtrainer a Commissaire du Gouvernement.[1]

Tëscht dem 12. November 1975 am 21. September 1977 huet de Robert Thillens dräimol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Am Veräinsfussball huet de Robert Thillens tëscht 1973 an 1991 fir den FC Wolz 71 a fir d'Young Boys Dikrech gespillt.[3] Vun 1987 bis 1989 war hie Spillertrainer zu Dikrech[4], vun 1989 bis 1991 huet hien den FC Wolz 71 trainéiert.[5]

Vun 2012 bis 2018 war de geléierte Sportsprof Robert Thillens "Commissaire du gouvernement à l'Education physique et aux Sports" ënnert dem deemolege Sportminister Romain Schneider.[6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Robert Thillens op der Websäit Weltfussball.de
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Robert Thillens op der Websäit vun European Football
  3. Transfermarkt.de - Robert Thillens. Gekuckt de(n) 13. Abrëll 2023.
  4. (lb)Dem Mulles seng Rubrik: 1989 -1990 erneut in der Finalrunde gepatzt - FC Wiltz 71. www.fcwiltz.com. Gekuckt de(n) 2023-04-13.
  5. (en)Dem Mulles seng Rubrik - Trainer säit der Fusioun - Fussball Luxemburg. www.bglligue.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-13.
  6. (de)Christelle Diederich, Schulsport / Rob Thillens, der Kommissar des Sportministeriums, geht im September in Rente. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-13.