Robert Thillens
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Foussballspiller. Fir de lëtzebuergesche Basketballspiller, kuckt wgl. Robert Thillen. |
Robert Thillens | |
---|---|
Gebuer | 30. Mäerz 1957 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
De Robert Thillens, gebuer den 30. Mäerz 1957, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller, Foussballtrainer a Commissaire du Gouvernement.[1]
Tëscht dem 12. November 1975 am 21. September 1977 huet de Robert Thillens dräimol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]
Am Veräinsfussball huet de Robert Thillens tëscht 1973 an 1991 fir den FC Wolz 71 a fir d'Young Boys Dikrech gespillt.[3] Vun 1987 bis 1989 war hie Spillertrainer zu Dikrech[4], vun 1989 bis 1991 huet hien den FC Wolz 71 trainéiert.[5]
Vun 2012 bis 2018 war de geléierte Sportsprof Robert Thillens "Commissaire du gouvernement à l'Education physique et aux Sports" ënnert dem deemolege Sportminister Romain Schneider.[6]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Robert Thillens op der Websäit Weltfussball.de
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Robert Thillens op der Websäit vun European Football
- ↑ Transfermarkt.de - Robert Thillens. Gekuckt de(n) 13. Abrëll 2023.
- ↑ (lb)Dem Mulles seng Rubrik: 1989 -1990 erneut in der Finalrunde gepatzt - FC Wiltz 71. www.fcwiltz.com Archivéiert de(n) 2023-04-13. Gekuckt de(n) 2023-04-13.
- ↑ (en)Dem Mulles seng Rubrik - Trainer säit der Fusioun - Fussball Luxemburg. www.bglligue.lu Archivéiert de(n) 2023-04-13. Gekuckt de(n) 2023-04-13.
- ↑ (de)Christelle Diederich, Schulsport / Rob Thillens, der Kommissar des Sportministeriums, geht im September in Rente. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-13.